
Fussballstagen.lu ass eng Associatioun, déi sech dorop konzentréiert a spezialiséiert, Kanner vu 7 bis 13 Joer optimal a qualitativ Fussballstagen ze proposéieren.
Diploméiert Traineren a Pedagogen encadréieren d‘Kanner, sou dass se an där Woch e Maximum kënne mathuelen an an hirer zukünfteger Fussballcarrière dovunner profitéieren.
Kanner solle ganz vill Saache bäibruecht kréien, déi zum Fussball gehéieren, sou dass mir och Lifekinetik, Laf-ABC, Kooperatiounsspiller a Fair-Play Traininge proposéieren.

Thomas Muller
Grënner vu Fussballstagen.lu. 1985 gebuer, a säit 2010 Schoulmeeschter.
Ech hunn 2009 als Trainer bei de Poussinen zu Weiler-Izeg ugefaangen a sinn no Statioune Schëffleng an RFCUL elo zu Monnerech Cadetstrainer. Ausserdeem hunn ech Formatioune fir den Athletiktrainer a Funktionaltrainer A-Schäin an Däitschland gemaach. Am Moment sinn ech mat der Formatioun fir den UEFA-B-Schäin op der FLF am Gaangen.

Eric Chrisnach
1983 gebuer, an Enseignant an der Primärschoul säit 2011.
Ech hunn 2006 als Pupillestrainer zu Menster ugefaangen a sinn elo a menger 10. Saison als Trainer. Ech si momentan mat der UEFA-B-Trainerlizenz op der FLF am Gaange mech weider ze bilden, fir doduercher d’Spiller adequat encadréieren ze kënnen.

Amy Thompson
1994 gebuer, a spillen aktiv an Amerika op der Stone Brook University nodeems ech och zu Saarbrécken an Däitschland gespillt hunn.
Ech well jonk Meedercher motivéieren, Fussball ze spillen an all de Kanner Tipps matginn, déi ech a menge Statiounen konnt léieren.

Lex Steffes
1991 gebuer, a momentan nach aktive Spiller zu Menster.
Ech si säit 4 Joer Trainer an de Jugendkategorië vun der Entente Osten. Ech hunn en C1-Trainerschäin a sinn doduercher qualifizéiert, fir Kanner bis zum Alter vun 13 Joer ze trainéieren an z’encadréieren.
Besonnesch wichteg an essentiell an deem Alter sinn nieft der fussballspezifescher Technik och aner Aspekter, wei Laf-ABC, Lifekinetik, Koordinatioun an Equippegeescht. All dës eenzel Punkte sollen am Kader vun eise Stagë gefërdert an trainéiert ginn.

1. Technik
Fokuspunkte vum Techniktraining si Passen, Ballkontroll an Dribbling. Besonnesch vill Wäert gëtt op d'Kapazitéit geluecht, mat béiden Féiss ze spillen.
2. Laf ABC
Eng vun de Fussballgrondlagen ass natierlech d'Lafen. Laf-ABC-Übungen, och Lafschoul genannt, sinn grondleeënd Technikübungen, déi d'Lafbeweegung trainéieren an deementspriechend optiméieren.
3. Lifekinetik
Weider Grondlag ass d'Fäegkeet, schnell déi richteg Entscheedung ze treffen. Dëst gëtt mat Lifekinetik trainéiert: e spezielle Gehirtraining duerch Beweegung fir visuell Opnamefäegkeet a kognitiv Aufgaben.
4. Koordinatioun
Net ewechzedenken ass d'Koordinatioun. All Spiller sollt optimal op Situatioune reagéiere kënnen. Dat Zil erreecht een nëmmen duerch Koordinatiounstraining.
5. Equippegeescht
Fussball als Equippesport verlaangt vun all eenzelem Spiller och deen néidegen Equippegeescht, Komerodschaft a Fair-play. Dëst gëtt duerch Kooperatiounsspiller de Kanner méi no bruecht.
Méi generell zum Encadrement gehéieren och déi richteg Ernärung an extrafussballeresch Aktivitéiten. Dofir gëtt et dann och dräimol den Dag z'iessen. Et ginn och regelméisseg Gesellschaftsspiller gespillt.
Hannert der Iddi vu Fussballstagen ASBL stécht d’Wonschdenken all Kand am Alter vu 7 bis 11 Joer (d'Kanner sinn dann am 'gëllene Léieralter') déi richteg Fussballausbildung ze proposéieren an ze ginn.
Mir sinn der Meenung, dass eis jonk a professionell Trainerequippe an eist innovatiivt Konzept hinnen dat bidde kann.
Eist Zil ass et, sou vill Veräiner a Kanner wei méiglech unzeschwätzen an domadder zu hirer Fussballerausbildung bäizedroen.

Package
Encadrement 8h - 17h
Spezialtraining
Certificat de participation a Form vun engem Poster
Fir d'Joërgäng
29. Juli - 2. August
8.-12. Abrëll
15.-19. Abrëll
27.-31. Mee
22.-26. Juli
29. Juli - 2. August
26.-30. August
2.-6. September